Ritalin & Sauerkraut – Metal Battle Gig Review

15 Mee 2008 – Ech hätt besser viir den Examen d next Woch ze leiren, mee den klengen greng-schwaarzen Kobold an mengem Kapp huet mech dozou bewegt kritt mech an den Auto ze setzen, schnell na den Ben anzesammeln an dann mat baal eidelem Tank an Richtung Esch-Alzette ze rennen. Ulass war dei zweeten Editioun vum “Letzebuerjeschem Wacken Open Air Metal Battle Qualifikatiouns Konzert 2008” (LWOAMBQK).

Ouni Stau oder anerwärteg Problemer sin mer geint 7 Auer um Site vun der Rockhal ukom, an och d Parkplaatzen-fannen huet sech mat en besschen Phantasie an Par-Choc als relativ easy erausgestallt. D’ Dieren waren selbstverständlech nach net op, virwaat och, d’ Doors waren jo reicht viir 7 Auer ausgeschriwen (Ironie). Mee emmerhin haat een sou Zait viir sech en eischt Bild ze maan: eng gudd 20 Leit haaten sech schon virun den Dieren afonnt viir iwert hier Lieblings- oder Guer-Net-Lieblingsband ze schwätzen.  Ouni Zweifel war haut och all Altersgrupp vertrueden, vun Metal-Veteran bis Meng-Mam-kent-mech-em-10-Siichen Kiddies war alles do.

Em veirel op 7 sin d Dieren dun viir jidereen opgangen sou dat een nach 45 Minuten haat viir sech en besschen emzekuken an mat Leit ze schwätzen. Sousin mer gewuer gin dat sou zimlech all d Boxen an d Drums vun der Wacken Organisatioun selwer gestallt gin; glaich Chancen also viir jidereen, opmanst waat den Sound ugeet. Ausserdem konnten mer an Erfahrung brengen dat den Soundtechniker Lee den Daach drop Grillen wärt, an dat et och Zalot dobai soll gin…

D’Art an Weis wei dei verschidden Bands d’ Zuschauer vun sech iwerzeegen wollten waren ganz verschidden: Cleanstate huet ganz op hier musikalesch Fähegkeeten gebaut, wougeint Rude Revelation, dei spontan viir Ensis agesprongen waren, eischter op den Exoten-Bonus vun hierer Sängerin vertraut hun. Everwaiting Serenade huet hiert vertrauen ganz an dei vun hinnen vermettelten Power geluecht; Zitat “Bei ons geet 20 Minuten laang d’ Post ab…”

Ier et dun em veirel op 8 lass gangen as, haat d’ Rockhal sech na eng ganz besonesch afaalen geloss viir d Leit an den Konzerts-Sall ze lacklen: am Gangk huet et sou penetrant no Sauerkraut gestonk, daat een sech leiwer fraiwellech vrun d’ Bühn stellen gaangen as.

Luuchten aus, Boxen un: Rude Revelation haaten d’Eier den Owend ze eröffnen. 2 Guitaren, eng Bass, eng Sängerin an en Batteur hun zesummen en zimlech agressiven, awer properen Mix aus Death,Thrash an Power Metal gebueden. Den gudden an präsenten Gesang as staark an Richtung Arch Enemy gaangen, just vlait nach en Teck mei schnell.Dei clean Deeler konnten mech perseinlech net sou iwerzeegen. Am ganzen guff Rude Revelation 4 Lidder zum beschten, woubai besonech daat leschten Lidd d’Erfahrung am Power Metal Beraich, vun den zwee Guitaristen, duerchschengen geloss huet. An punkto Zuschauer haat RR en besschen Pech: wei daat sou üblech as am Ufank vun engem Konzert, waren Zuschauer na en besschen Bewegungsfaul an hun sech eischter op d’ “Pommesgabel” an d Luucht strecken beschränkt wei lo op groussen Pogo an Headbangen. Ofschleissend as mer opgefall dat d’ Sängerin, wann et tescht den Lidder schwätzt, en besschen klengt wei d’ Monica vun RTL.

No enger klenger Paus war et dun un Everwaiting Serenade ze weisen, waat se kenen. Am verglach zu Rude Revelation hun sie sech musikalesch op Deathcore agestallt, mat deelweis usprochsvollem, komplexen Songwriting, deen leider duerch deen net ganz proper gemeschten Sound en besschen un Nuance verluer huet. An Saachen Gesang as EwS manner Experimenter angaangen: Genre-typesch Screams, gemescht mat cleanen Passagen. Besonech opgefall as mer dei enorm Bewegung dei op der Bühn lass war: d Museker hun gewierkt wei ADS-Patienten dei hieren Ritalin net krutten an keen huet et laang an sengem Eck ausgehall, statdessen guf gelaaf an gesprong bis d Pompel net mei matgemeet huet. Ouni Zweifel wessen dei 5 Museker wei een d’Zuschauer ennerhält.

Nodeems een d’ Gelegenheet haat, sech namols mat der Sauerkraut-Loft vum Gank vertraut ze maan, hun Infect sech d’Eier gin. Sie waren kloer dei jengsten Formatioun deen Owend an konnten am verglach zu aaneren Bands reicht op eng 2-jährech Bestehensgeschicht zreck blecken. Gebueden krutt een modernen Thrash Metal mat Afless vun Machine Head, Metallica an aaneren Konsorten aus deem Genre. Ech muss eierlech zougin dat daat eischt Lidd mech en besschen gelangweilt huet, et war nix spezielles an ech kann mer virstellen dat Infect mei intressant Songs op Lager huet. Dei aaner 2 Lidder waren mei spretzech, mei ofwiesslungsraich, woubai besonesch daat leschten Lidd sech gudd als Intro geegent hätt. Och wann dei dreschen Kommentare vum Sänger net emmer bei Publikum ukomm sin, sou as awer endlech mei Bewegung an d’ Spill kom an et guf fröhlech drop lass gepog(o)t an gebangt. Letzebuerg war erwäscht.

An Punkto Fast Friday muss ech lo leider en Gestänis maan: ech hun sie verpasst well ech vrun der Dier an en längert Gespreich verweckelt war. Ech hun mer allerdings soen geloss dat den Sound ganz gudd war, an dat eng optimal Bühnenpräsenz viir vill Aktiviteit bei den Zuschauer gesuergt huet. Wosst der iweregens dat sech Fast Friday, bei onlimiteiertem Budget, eng ronn+roteirend Bühn wenscht, sou wei en Fallschirmsprenger…

Mat Retrace my Fragments as et dun rem en besschen mei brutal zur Saach gaangen. Death Metal mat Harcore Anfless souwei enger Spuer Grindcore hun dofir gesuergt dat sech och secher keen Hippie haut an d Rockhal verlaafen wärt. Direkt an d’ Aan gestach as engem den Sänger, deen net nemen mat sengen exzellenten Growls iwerzeegen konnt (waat een leider net emmer vun den heijen an cleanen Tein konnt behaapten), mee deen, wei EwS, warscheinlech och sain Ritalin net gehol haat an sech net lompen geloss huet, den Mikro wei en Lasso rondrem ze schwengen. Ech hun mech opjidefalls gudd amuseiert.

Zum Schluss as dun mat Cleanstate na eng Band opgetrueden, dei schon zimlech laang dobai as. Mat renoveiertem Line Up hun sie 20 Minuten laang Modernen Metal (Richtung InFlames) zum beschten gin konnten besonech an punkto Sound bei mir Punkten sammlen. Dei fetzeg Guitaren sin allerdings en besschen am schlecht gemeschten Drum-Sound ennergaang an vun den Musekern hätt ech mer en besschen mei Show oder Bühnenpräsenz erhofft.

Nodeems dei 6 Bands hiert Können enner Beweis gestallt haaten war dun 30 Minuten Paus ugesot, 30 Minuten an deenen sech d Jury beroden huet, ween dann lo mam Rouden Leiw op Wacken zitt. Viir d Zait ze iwerbrecken guffen Konzertsauschnetter vum leschten Wacken op eng Leinwand projezeiert. Zimlech bellech wann een bedenkt dat an sech dei brasilianesch Metal Battle Gewenner vum leschten Joer hätten missen spilln (Sou wei daat um Site vun der Rockhal ugekenegt as). En Statement virwaat des Band, weint där verschidden Leit extra kom waren, net optrett, as leider ausbliwen…virwaat o emmer.

Geint 12 Auer stung, mat Everwaiting Serenade, den Gewenner vun der zweeter Editioun vum Metal Battle fest. Des Decisioun as secherlech net vun jiderengem am Sall begreisst gin an huet viir sou munchen Gespreichsstoff vrun der Dier gesuergt. Vue que dat et viir mech deen Owend souwisou keen Favorit guf, huet mech dei Decissioun net weider beschäftegt. Gewenner as Gewenner an ech wenschen hinnen vill Gleck zu Wacken.

Am groussen Ganzen war den Metal Battle 2008 en anständech organiseiert Event mat gudder Stemmung. Negativ opgefall as mer deen net ganz optimal gemeschtenen Sound (besonesch d’Battrie) an d’ Sauerkraut…mee nuje et as halt alles eng Geschmacksaach ne.

SvArt + Benno

~ by SvArt on May 19, 2008.

10 Responses to “Ritalin & Sauerkraut – Metal Battle Gig Review”

  1. Oh freck.. ech hu mech grad köstlesch amséiert.
    genial geschriwwen dat doten🙂
    hahahahaha

  2. Ärren Review gefällt mer, an brengt mech och deelweis zum schmunslen.

    T´Brasilianer koumen nett well se nett disponible waren. Hieren optrett war zwar geplangt mee do huet eist Schicksaal en strech duercht Rechnung gema. . .

    Desweideren deelen ech nach mat das et destjoer nach en offizielen Site fir den Metal Battle Letzebuerg wärt gin, wou dann och sou saachen anonceiert gin😉

  3. Jo, ganz gudden Artikel, deen léisst den Owend ganz flott erem rekapituléiren am Käppi. Trotzdem hätt ech daat net sou schéin onparteiesch kéinten maachen.

  4. Ech wier deen Owend wierklech gären an d’Rockhal komm… Mee am Endeffekt wor d’Preparatioun fir meng lescht Virdiplomsprüfung (dei ech haut gepackt hun!) awer extremst mei wichteg :>

    Den review fannen ech ganz gutt gelongen, an mettlerweil huet den MFG blog sech eng fest Plaatz an der Linktoolbar vun mengem Browser verdingt!

    PS: Vill Gleck fir all dei, dei och mat Prüfungen am Moment geploot sen!
    Den eenzeg brauchbaren Tip deen ech kann gin (well en sou herrlech universal ass): Gutt Preparatioun + kloeren Kapp behaalen = epic win!

  5. Effektiv, Gewanner gouf et keen. Mais klore Verléirer war definitiv Sauerkraut😉
    Wann d’Brasilianer scho net spille konnten, waer et sënnvoll gewiecht, d’Gewanner vum leschte Joer (Abstract Rapture) optrieden ze loossen. Zäit war wuel ze knapp…

  6. Super!
    Gudd objectiv Review..🙂
    BEST

  7. Vue que das een vun den Guitaristen vun Abstract Rapture matzen an den Examen as/war, war et nett meiglech dast Band optrett!

  8. Yep… soss hàett Scàrred jo och gespillt àn ween wees wei et dànn àusgààng wier?😛

  9. Fakt as dat et trotzdem no Sauerkraut gestonk hätt…an dorem geet et schliesslech beim Metal-Battle

  10. Den SvArt huet alles ech betounen alles verstaan hehe😉

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

 
%d bloggers like this: